ALMK / Kigali Marathon / Nidderaanwen?

May 15, 2025
ALMK / Kigali Marathon / Nidderaanwen?

Wat huet d'Geméng Nidderaanwen mat Kigali oder dem Rwanda ze din?

D' Amitié Am Sand - Amizero vun Ueweraanwen ënnerhällt Partnerschaften vum Centre Scolaire Am Sand mat verschidde Schoulen am Rwanda, ënner aanerem mat dem Centre Scolaire Amizero zu Ruhango, dëst mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der Klima-Bündnis-Geméng Nidderaanwen.

Wat vläicht manner bekannt ass: Um Sennengerbierg ass den technësche Büro vum ALMK (Amis Luxembourgeois du Marathon de Kigali). Hei gin d' Online-Aschreiwungen an en Deel vun de Bezuelungen vum Kigali International Peace Marathon programméiert a kontrolléiert. Och de Support zu dësen Aktivitéiten kënnt vun hei.

ALMK:  https://psweb.lu/almk

Kigali Marathon:  https://kigalimarathon.org

Amitié Am Sand - Amizero:  https://amsand-amizero.org

Geméng Nidderaanwen:  https://niederanven.lu

PSweb.lu:  https://psweb.lu

 

 

ALMK technical office in Sennengerbierg, Lëtzebuerg, hosted by PSweb.lu